Anbauversuch im Winterweizen:
An dësem Ubauversuch ginn an enker Zesummenaarbecht mamLycée Technique Agricole ënnerschiddlech Broutweesszorten ugebaut, fir iwwerméi Jore systematesch ze evaluéieren, wéi eng Zorten sech nohalteg un déiregional pedoklimatesch Bedéngungen upassen.
Am Kader vun dësem Versuch ginn d’Grondlage fir d’Auswielvun de Weesszorten am Projet „Käre vum Séi“ festgeluecht, deen sech opd’Regioun vum Naturpark Öewersauer an d’Schutzzone ronderëm den ÖewersauerStauséi bezitt. D’Haaptzil vum Versuch besteet doran, déi bescht Weesszortenze identifizéieren, déi et erlaben, op den Asaz vu Fungiziden an Halmverkierzerze verzichten. Bei der Evaluatioun gëtt besonnesch Wäert op eng equilibréiertRelatioun tëscht engem stabele, duerchschnëttleche Rendement an enger héijerbakfäheger Qualitéit geluecht. Wäerter déi extrem wichteg si fir d’Bäckerei Joset Jean-Marie vu Mäerzeg fir déi beschtméiglech Bakresultater.
Zousätzlech gëtt ënnersicht, ob aktuell negativEntwécklunge bei verschiddenen etabléierten Zorten sech confirméieren, an obnei Varietéiten, déi e potenzielle Virdeel fir d’Regioun undeiten, hirLeeschtung och ënner praktesche Konditioune beweise kënnen.
Weider Informatiounen & Resultater: https://www.demofelder.lu/2-low-input/laku-ltalert/