D’Landwirtschaftlech Kooperatioun Uewersauer, kuerz d’LAKU, invitéiert Iech dëst Joer häerzlech op säi Stand op der Foire agricole, fir zesumme mat Iech seng 10 Joer ze feieren!

D’LAKU steet fir eng Waasser schounend a wirtschaftlech realistesch Landwirtschaft am Waasserschutzgebitt vum Stauséi – fir och an Zukunft eng nohalteg Drénkwaasserversuergung kënnen ze garantéieren.

Um Stand kënnt Dir d’Zilsetzungen an d’Aarbecht vun de LAKU-Memberen, wéi och déi praktesch Zesummenaarbecht vun der Kooperatioun an der Regioun kenne léieren.

De Stand invitéiert Jonk an Al op  een thematesche Circuit, deen Iech d’Wierken an d’Grondsätz vun der LAKU konkret duerstellt:

– Waasser: jiddereen huet ee Recht op proppert Drénkwaasser – d’LAKU steet fir de praktesche Waasserschutz um Terrain

– Kären: Waasser schounend landwirtschaftlech Flächennotzung an eng Käreproduktioun mat manner Nährstoffanträg an ouni Asaz vu Pestiziden

– Brout: regional Veraarbechtung vu Kären zu engem faire Präis fir d’Baueren a Vermaartung vu qualitativ héichwäertegen, regionale Produiten fir de Konsumen

Um Stand vertruede sinn d’LAKU, den Drénkwaasserversuerger SEBES, den Naturpark Öewersauer an d’Bäckerei Jos & Jean-Marie mat der Genossenschaft Käre vum Séi.

Entdeckt d’Zesummenaarbecht vun allen Akteuren, déi konkret a virbildlech am Sënn vum nationalen Drénkwaasserschutz schaffen.

Mir wiere frou Iech op eisem LAKU Stand begréissen ze dierfen!

 

Save the date LAKU 10 Joer Foire Agricole